Um Méindeg den Owend war d'FLF-Formatioun de Géigner vun der belscher Nationalequipe, dat am Kader vun där hirer Virbereedung op d'WM a Brasilien.

"Bon galop d'entraînement pour les Diables!" Dat huet déi belsch Zeitung "Dernière heure" direkt nom Match geschriwwen.

Um Enn geet och déi héich Victoire vun de Rouden Däiwelen an d'Rei: Si hate méi Ballbesëtz an och déi besser Chancen - och wa se net ëmmer gewisen hunn, firwat si als Geheimfavorit a Brasilien reesen.

Lass goung et mat engem ganz fréie Goal duerch den dräifache Goalgetter Romelu Lukaku an der drëtter Minutt. Ma vun där Dusch huet sech d'FLF-Formatioun séier erholl. An der 10. Minutt war et e gudde Wäitschoss vum Gerson an 3 Minutten drop war et den 1:1 duerch e phenomenale Schoss vum Aurélien Joachim, dee vun engem ganz wäiten Ofstouss vum Antony Moris profitéiert huet, fir de Bal aus der Distanz direkt an onhaltbar eranzesetzen.

RTL

© Roland Miny (pressphoto.rtl.lu)

Knapp 10 Minutten drop huet de Lukaku awer nees deen alen Ecart vun engem Goal hiergestallt an esou goung et och an d'Paus: 2:1. Dobäi hätten och d'Rout Léiwen 2:1 a Féierung kéinte goen, well de Joachim hat nach eng gutt Geleeënheet - allerdéngs haten och d'Belsch nach e puer ganz gutt Chancen, zum Beispill an der 37. Minutt no engem Feelpass op Lëtzebuerger Säit.

An den zweete 45 Minutten haten d'Lëtzebuerger manner Fortune: 3:1 Lukaku an der 54. a 4:1 an der 70. duerch den Chadli an an der 90. Minutt gouf et dunn och nach en Eelewer géint d'Rout Léiwen, no engem Foulspill, deen de Kevin De Bruyne eragesat huet, esou datt d'Diables Rouges um Enn 5:1 gewannen - vläit en Tick ze héich, ma hirer Motivatioun fir d'Football-Weltmeeschterschaft dierft dat egal sinn ...

RTL

© Roland Miny (pressphoto.rtl.lu)

D'Goaler am Iwwerbléck

1:0 Romelu Lukaku (3')
1:1 Aurélien Joachim (13')
2:1 Romelu Lukaku (22')
3:1 Romelu Lukaku (54')
4:1 Nacer Chadli (70')
5:1 Kevin De Bruyne (90' op Eelefmeter)

AUDIO: Belsch-Lëtz: De Resumé vum Match vum Franky Hippert
RTL

© Roland Miny (pressphoto.rtl.lu)

VIDEO: Frendschaftsmätch Belsch - Letzebuerg
3 Wochen virum Optakt vun der Fussball WM prepareieren dei Roud Deiwelen dese grousse Rendez - vous.