2017 huet d'Populatioun zu Lëtzebuerg ëm 11'338 Persounen zougeholl a steet op den 1. Januar 2018 bei 602'005. 52,1% hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit.

AUDIO: 600.000 Leit zu Lëtzebuerg / Reportage Frank Elsen

Zanter Januar dëst Joer wunnen iwwer 600.000 Leit am Land, dat mellt de Statec, wou aus rezenten Statistiken ervir geet, datt alleng bannent dem leschte Joer eng 11.340 nei Awunner gezielt goufen. D'Halschent ass och gläich areecht, wat d'Zuel vun den auslänneschen Matbierger ugeet: Antëscht hu 47,1 Prozent net d'Lëtzebuerger Nationalitéit. Déi meescht vun dëse Leit, hunn déi portugisesch Nationalitéit, virun de Fransousen an den Italiener.

RTL

Méi am Detail gekuckt, koumen zejoert eng 6.280 Kanner op d'Welt, eng 4.270 Leit si verscheed. D'Liewenserwaardung bei de Frae läit bei ronn 85 Joer, bei de Männer bei 80 Joer. Déi auslännesch Awunner sinn däitlech méi jonk wéi déi Lëtzebuerger. Bei de Frae läit den Ënnerscheed bei 42,8 zu 37,0 Joer. Bei den Häre hunn d'Lëtzebuerger an der Moyenne 40,3 Joer, d'Auslänner 36,9.

RTL

Eng Fra kritt an der Moyenne 1,4 Kanner, natierlech nëmmen eng reng statistesch Valeur. Wann eng Fra fir d'éischt Mamm gëtt, sou ass dat relativ spéit an zwar huet se dann an der Moyenne 31 Joer.

An nach eng Zuel vum Statec ass de solde migratoire: d'Differenz tëscht Leit, déi d'Land verlooss an an Aneren, déi an de Grand-Duché geplënnert sinn, läit bei ronn 10.500 Persounen, Lëtzebuerg bleift also kloer en Immigratiounsland.

Bestuet hu sech 1.908 Koppelen, dovunner 42 vum selwechte Geschlecht, Scheedungen dogéint gouf et der 1.241.